Wëllkomm bei denNidderaanwenerScouten


Kleng Schrëtt. Grouss Erënnerungen.Fir Kanner a Jonker. Fir eng ganz Liewenszäit.
Deng Plaz am Grupp.
Grouss ginn ass en Abenteuer.
Fann déi Branche, déi bei dech passt.
6 -8 JoerBiber
D’Biber ginn all Joer op e flotten Camp, wou si zesummen bis zu 3 Nuechten an engem Chalet hei am Land verbréngen.
Dëst bleift hänken.

Raclette Owend
De Weekend hunn eis Rover op en gemittlechen Raclette-Owend am Scoutshome invitéiert. Do haten och ancien Cheffen d'Méiglechkeet sech erëm eng Kéier ze gesinn! Merci jidderengem fir deen flotten Owend!

Adventsmaart
Och dëst Joer war eisen traditionnellen Adventsmaart nees e grousse Succès. Mir soen Jiderengem Merci den eis op dem flotten Dag besicht huet!

Clotûre beim CIPA
Iwwert de Summer ware mir beim CIPA zu Nidderaanwen am Asaz. Mat ville Faarwen, Pinselen, Leederen an natierlech enger gudder Portioun Spaass hu mir d'Clotûre, di hannert dem CIPA steet verschéinert. Zil vum Projet ass et de Bewunner wärend dem Ausbau vum CIPA eng schéi Vue ze bidden. Elo kënne Si de Wee vun de Biber bis an d'Rover bewonneren. Mir hoffen, hinnen gefält eis Konschtwierk genau esou gutt wi eis!
Handgemaachten Adventskränz
All Kranz gëtt vun eise Scouten a vun der Amicale gebonnen. Den Erléis geet direkt an eis Campen an Aktivitéiten.
An de ShopBass du dobäi?
Branche wielenWielt Är Branche fir eng direkt Umeldung oder eng Plaz op der Waardelëscht.





