Scouten NidderaanwenLëtzebuerger Guiden a Scouten · Grupp Schetzel
Scouten Nidderaanwen / Réckbléck

Dobausse gelieft.
Hei erzielt.

Kleng Momenter. Grouss Erënnerungen. E Bléck an eist Liewen als Grupp.

Duerch den Album bliederen
Eisen Album

All eis Geschichten.

8 Geschichten aus eisem Grupp

Fréijoersbotz10 Fotoen
Aus dem Gruppliewen

Fréijoersbotz

Den 28ten Mäerz stoung bei eis an der Gemeng alles ënnert dem Motto "Fréijoersbotz". D'Aktioun ass vun der Emweltkomissioun Nidderaanwen organiséiert ginn. D'Bierger sinn opgeruff ginn an der ganzer Gemeng Dreck opzerafen an am speziellen "Drive-In" ofzeginn. Natierlech hunn eis Cheffen beim Tri eng Hand ugepaakt. Och eis Kanner hunn den Dag virdru fläisseg gehollef d'Natur propper ze halen. Well e Gudde Scoute verléisst eng Plaz méi propper wéi en se virfonnt huet.

Geschicht liesen
Montée9 Fotoen
Aus dem Gruppliewen

Montée

De Weekend vum 2ten an 3ten Oktober war bei eis am Grupp eng méi lass: D'Montée stoung um Programm. Ugefaangen huet et Freides Owes, wou eis Nowuess-Pio d'Gemeng onsécher gemaach hunn. De Samschdegmëtten stoung fir di Klengsten ganz am Zeechen vun de 4 Elementer. Op verschiddene flotte Statiounen hunn si di 4 Elementer agefaangen, fir als Belounung zum Schluss e Wëllefchersfoulard ze kréien. Owes war et dunn un den neien AvEx: Um Sennengerbierg am Bësch war eng Sportsolympiad, fir déi nach Sportler gesicht gi sinn. natierlech hunn eis Nowuess-AvEx sech bereet erkläert matzemaachen. Zum Schluss ass et kee Pokal ginn, ma en neien AvEx-Foulard!

Geschicht liesen