Social Media
Zéck net eis Facebook an Instagram Säit ze liken, fir ëmmer um neiste Stand iwwert eis Versammlungen an Aktivitéiten ze bleiwen!
Bass du dobäi? ⚜️ Du hues Loscht op Abenteuer, nei Frënn, Natur a vill flott Momenter zesummen? Da komm bei d’Nidderaanwener Scouten! 🏕️ D’Aschreiwunge fir eis nei Membere sinn nach bis den 1. September op. 👉 www.scouten.lu
Scout sinn ass vill méi wéi en Hobby. Et bedeit Erënnerungen ze sammelen, déi ni vergiess ginn, Frëndschaften ze fannen, déi e Liewe laang halen, a Wäerter mat op de Wee ze kréien, déi een iwwerall begleeden ⚜️💚 Happy World Scout Scarf Day vum Gruppecamp EXP-352 zu Miersch ✈️
🥾 Iron Scout 2026 – 65 km a 24 Stonnen
Och dëst Joer hunn eis Pio a Rover sech dëser Challenge gestallt an den immens usprochsvollen Tour ronderëm de Stauséi mat Bravour gemeeschtert. 💪🏼
Als zousätzlech Motivatioun konnten si sech op hirem Wee vu Famill a Frënn sponsere loossen. Den Erléis vu méi wéi 33.000 € geet dëst Joer un de FAWE Project – Girls’ Education in Madagascar, finanzéiert vun der Nadiezhda asbl 🩷
➡️ Zu 8 sinn si zesummegerechent bal 500 Kilometer getrëppelt. Wat eng Leeschtung! Mir sinn immens stolz op si! 🥰
#scouting #ironscout #guidenascouten #stauséi #nidderaanwen
Lescht Chance! Reservéiert elo nach séier äre Kranz op www.scouten.lu a kommt en e Samschden ab 11:00 Auer op eisen Adventsmaart sichen!
▶ 29. November 2025 - Adventsmaart beim Bëschhaus (33, Breedewues Sennengerbierg)
Merci fir d’Nominéieren @buergfrenn a @walferscouten 🫶 Elo ass et un iech @aesascouts @deppegeisser a @jugendhaus_niederanven. Dir hutt 72 Stonnen Zäit fir e Bam ze planzen 🌱 oder dir kommt den 29. November op eisen Adventsmaart (am Beschten natierlech béides) 🥳
Et ass erëm esou wäit, d’Chrëschtzäit steet virun der Dier! 🌟 D’Scouten Nidderaanwen invitéieren Iech häerzlech op hiren Adventsmaart, den 29. November 2025 beim Scoutshome um Sennengerbierg (Bëschhaus 33, Breedewues 1259 Senningerberg) Um Programm stinn: Ab 11 Auer 🍴 Iessen a Gedrénks bei gudder Stëmmung 🛍️ eisen traditionelle Shop mat Adventskränz a ville Faarwen a selwer gemaachter Chrëschtdeko. Um 15 Auer 🥳Danz Optrëtt vun eis Biber a Wëllefcher Vun 16-18 Auer 🎶 Live-Musek mat der Jazz Band Body+Soul Bestellt elo Ären Adventskranz (45€) iwwert eisen Internetsite www.scouten.lu Mir freeën eis op Äre Besuch! 🎄🤩
Eis Pio hunn hire Summercamp dëst Joer beim Titiséi verbruecht. 🚤 Och wann d’Wieder net esou matgespillt huet hate si eng flott Zäit an hu vill erlieft 😎
Eng ganz Woch laang waren eis Wëllefcher an der magescher Welt vu Mystaria (Stroossen) gestrant. An engem gemeinsamen Effort a wärend onzielegen Aktivitéiten hunn si awer d’Portal fir heem nees un d’goe krut. Al Frëndschafte goufe gefestegt an neier goufe geschloss op dësem nationale Camp vun alle Wëllefcher aus dem ganze Land. En immens grousse Merci geet eraus un all déi Bedeelegt déi dëst méiglech gemaach hunn, vun der Orga iwwert d’Kiche bis bei d’Infirmerie a jiddereen dee matgehollef huet. Et war en onvergiessleche Camp dee souwuel deene klenge wei och deene groussen nach laang wäert an Erënnerung bleiwen 🧚🍄⚜️
🦫 E flotte Camp läit hannert eise Biber! Zu Munneref konnten si zesumme mat der Maus, dem Wëllschwäin, dem Kaweechelchen, der Seejomes an der Eil spannend Geschichten erliewen a vill iwwer d’Wäerter vum Scoutismus leieren ⚜️🧭
Gëschter ass eise Chef Scout den Ierfgroussherzog Guillaume um Neihaischen mam Bronzene Wollef ausgezeechent ginn. Dëst ass déi héchsten Auszeechnung, déi et am Scoutsmouvement gëtt. 🐺 Mir si frou bei dësem eenzegaartege Moment dobäi gewiescht sinn! ⚜️
🎉 JoCaPi 2025 zu Nidderaanwen - wat eng flott Party! 🥳 Ronn 150 CaraPio hate mat hire Chef de Wee op de Sennengerbierg fonnt, fir zesumme mat eis de 40. Gebuertsdag vun eisem Grupp ze féieren! 🎂 A firwat bei enger Party bleiwen, wann een der direkt 8 kann hunn! Ob Poolparty, Kannergebuertsdag, Pyjamaparty oder 18ten Gebuertsdag; op all Statioun konnten si eng Mottoparty erliewen an hiren Teamgeescht beweisen. 💪🤩 En decke Merci geet un eis Memberen an eis Amicale, déi dëse ganz besonneschen Dag iwwerhaapt méiglech gemaach hunn!⚜️
🌟 Klenge Réckbléck op déi läscht Editioune vun eisem Adventsmaart. Net verpassen: Samschdes den 30.November ab 11 Auer um Sennengerbierg.
Mir freeën eis op Äre Besuch! 🥳
✨Et ass erëm esou wäit, d'Chrëschtzäit steet virun der Dier! D'Scouten Nidderaanwen invitéieren Iech häerzlech op hiren Adventsmaart, den 30. November 2024 ab 11:00 Auer beim Scoutshome um Sennengerbierg Um Programm stinn: 🍴Iessen a Gedrénks bei gudder Stëmmung 🛍eisen traditionelle Shop mat Adventskränz a ville Faarwen a selwer gemaachter Chrëschtdeko 🥳Vun 14 bis 16 Auer - Animatioun fir Kanner mat flotte Spiller an engem Bastel Atelier 🎶Um 16 Auer - Concert vun den Dëppegéisser
Bestellt elo Ären Adventskranz (40€) iwwert eisen Internetsite www.scouten.lu Mir freeën eis op Äre Besuch! 🎄
Happy Halloween 🎃👻
🇳🇴🏔️ Och Nidderaanwen war mat engem vu senge Rover, dem Louis um Roverway vum 22.07.- 01.08.2024 an Norwege vertrueden. Déi éischt Partie vum Camp war e Path iwwer 5 Deeg a 70km ronderem den Hardangerjøkul Gletscher, iert all d’Participanten sech op enger Campplatz an der Géigend vu Stavanger zesumme fonnt hunn fir e flotte gemeinsamen Ofschloss vun dëser grousser Aventure ze maachen.🤩 #roverway2024 #norway
Lescht Woch waren eis Wëllef zu Achtelsbach um Camp. Do hunn sie der Piratin Nora gehollef sei Schëff ze flecken, fir dass et erem kann a Sei stiechen. 🏴☠️🐺
Eis Biber waren zu Suessem um Camp an hunn do mat voller Motivatioun a Spaass hier Detektivausbildung gepackt🕵️♂️☀️⚜️
8 Stonnen Ofschlossfeier an 90 Sekonnen! Wat e Fest 🥳 Merci jidderengem deen dobäi wor ☀️⚜️
🍦Hueschterter Kiermes 2024 ☀️
🍃 Leschten Weekend waren eis Wëllef um Bealtaine, wou si d’Méiglechkeet hate flott Workshops a Spiller ze maachen. Sie hunn sech super amuséiert a freeën sech schonn op déi nächst Editioun 🤩
💪🏼 E Sonnde waren eis CaraPio op der JoCaPi zu Diddeleng. Sie hunn sech bei de Spiller an Aufgaben uerdentlech dru ginn a schlussendlech de Pokal mat Heem bruecht 🏆🥳 D’nächst Joer ass d’JoCaPi da bei eis um Sennengerbierg! Mir freeën eis elo schonn op dës Challenge. ⚜️😁
🐺Eis Wëllef waren haut um Wëllefchersrallye ennerwee, deen dëst Joër vun de Centser Scouten organiséiert gouf. 👏🏼Op engem flotten Tour duerch d’Stad konnte mir nei Plazen entdecken an vill spannend Spiller maachen.🤩
🌳Dëse Samschde krut eise Buergermeeschter a Presenz vun de Veräiner e Bam geplanzt. 🤩 Mir si frou dass mir als Scouten konnten Deel vun dësem flotte Fest sinn an hoffen, dass dem Fréd säin neien, vun eise Kanner a Cheffen dekoréierte Bam gefält! ⚜️
Happy World Thinking Day 🌍⚜️
Buergbrennen 2024 🏰🔥⚜️ #guidenascouten #buergbrennen #niederanven
D'Scouten Nidderaanwen wënschen Iech alleguerte schéi Chrëschtdeeg, vill Freed an eng gutt Gesondheet am neie Joer ✨
Haut de ganzen Dag hutt Dir nach d’Chance vir en leckeren Glühwäin bei eis op den Stand um Chrëschtmaart bei der Gemeng drénken ze kommen. 🤩
Mir freeën eis op Iech 🎄🌟
🤩 Vill Flottes gouf schonn gebastelt, déi éischt Kichelcher gebak an d'Kränz sinn ukomm. 🌲Elo kenne mir endlech ufänken mat dekoréieren! Wat déi nächst Deeg esou bei eis am Scouthome lass ass, gesitt Dir dann an eiser Story… 👀
Hutt Dir schonn eise Flyer an Ärer Boîte entdeckt? 📬 Gläich leeë mir lass mat dekoréieren, dofir bestellt elo nach séier Ären Adventskranz op www.scouten.lu 💫 Mir freeën eis Iech nächste Samschden op eisem Adventsmaart ze gesinn! 🎄
An gutt zwou Wochen ass et schonn esou wäit, an déi éischt Käerz gëtt ugefaangen! 🕯️Hutt Dir Ären Adventskranz schonn bestallt? Nach net? Dann gitt séier laanscht luussen op www.scouten.lu 🎄⚜️
